RTL Luxembourg
VerifiedTelevision
RTL Luxembourg combines the audio-visual and new media activities of RTL in Luxembourg, in particular through RTL Télé Lëtzebuerg (the only general-interest TV channel in Luxembourgish), RTL Radio Lëtzebuerg (the number one media outlet in Luxembourg), RTL.lu (Luxembourg's most popular online media) Source
Actions
Media Outlet details
| Scope | National |
|---|---|
| Language | English, French, German, Luxembourgish |
| Country | Luxembourg |
|
Similarweb UVM |
Request pricing |
|
Comscore UVM |
Request pricing |
| Frequency | Daily |
| Days Published | Mon, Tue, Wed, Thu, Fri, Sat, Sun |
| Broadcast Affiliation | N/A |
Recent Articles
Search ArticlesOp der "Rouder Lëns" gëtt vill geschafft: "En Invest an d'Industriekultur"
1.400 Logementer, 3.000 nei Awunner: d'Stad Esch wiisst an den nächste Joren. Op der "Rouder Lëns" kann ee spéider liewen a wunnen. Bis Enn de 70er Jore gouf zu Esch op der Rouder Lëns Eisenäerz verschafft. Op dësem 11 Hektar grousse Site entsteet elo an de nächste Joren e fuschneie Quartier. 3.000 Awunner kritt d'Escher Gemeng domadder mei. E nohaltege Quartier gëtt gebaut. Am Total ginn et spéider 1.400 Logementer. Gréisstendeels sinn et Appartementer. E puer Haiser sinn och virgesinn.
Luc Frieden virun de Vereenten Natiounen: UN kënne weider op Lëtzebuerg zielen
De Lëtzebuerger Premier huet sech besuergt gewisen iwwer déi onsécher Zäiten, an de Vereenten Natioune gläichzäiteg déi voll Ënnerstëtzung zougeséchert. Duerch Wierder an Dote kéinten d'Vereenten Natiounen op de Grand-Duché zielen. Dat sot de Lëtzebuerger Premier e Freideg a senger Ried virun der UN-Vollversammlung zu New York. Hien huet sech besuergt gewisen iwwer déi onsécher Zäiten, gepräägt vu Kricher a Krisen weltwäit. Déi international Uerdnung stéing op der Kipp.
Luc Frieden zu New York: "Déi Vereenten Natioune kënne weider op Lëtzebuerg zielen"
"Duerch Wierder an Doten". Dat sot de Lëtzebuerger Premier a senger Ried virun der UN-Vollversammlung zu New York. Hien huet sech besuergt gewisen iwwer déi onsécher Zäiten, gepräägt vu Kricher a Krisen weltwäit. Déi international Uerdnung stéing op der Kipp. Kricher wiere just d'Resultat vun enger radikaler Kompromësslosegkeet an engem komplette Refus, sech déi aner Säit och nëmmen unzehéieren.
D'ADR schléit Alarm: Lëtzebuergesch wier eng Sprooch, déi ëmmer méi verschwënnt
D'ADR begréisst de Fait, dass et en Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch gëtt, ma gesäit nawell kee Grond, fir ze feieren. Et géing nämlech schlecht ëm d'Lëtzebuergescht stoen. Ëmmer manner Leit géingen d'Sprooch am Alldag schwätzen an d'Regierung géing net genuch maachen, fir där Entwécklung entgéintzewierken. Lëtzebuerger Sprooch: D'ADR schléit Alarm / Marc Hoscheid Am Joer 2011 hunn 323.500 Leit, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, Lëtzebuergesch geschwat, 2023 waren et der nach 292.000.
Op der Pompel: Fir Diesel a Masutt muss ee vun e Samschdeg u méi bezuelen
© Envato Sandsun Nodeems de Präis vum 98er Bensinn dës Woch erofgaange war, ass et vun Hallefnuecht un eng Hausse bei Diesel a Masutt. Beim Diesel ass et eng Hausse vun 3 Cent vun 1,424 op 1,454 Euro de Liter. Beim Masutt ass et eng Hausse vun 2,8 Cent de Liter op dann 0,890 Euro de Liter. D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck
Eclat bei Ried zu New York: Netanjahu verdeedegt virun UN israeelescht Virgoen
Wéi den israeelesche Regierungschef seng Ried ufänke wollt, hunn Dosenden Diplomaten de Sall verlooss, anerer hunn hien ausgebuut. De Benjamin Netanjahu huet sech mat stoeschem Bléck onbeandrockt gewise vun deem Virgoen. Den israeelesche Premier huet dunn a senger Ried, déi gutt 40 Minutte gedauert huet, d'Militäroffensiv an der Gazasträif weider verdeedegt. Wärend sengen éischte Wierder gouf et nach Tëscheriff.
Am Kader vun enger grousser Kontroll: D'Police huet eng Persoun zu Bouneweg festgeholl
D'Police huet en Donneschdegnomëtteg eng gréisser Kontroll zu Bouneweg gemaach. De Fokus louch op der Drogekriminalitéit an op den Immigratiounsgesetzer. Ausserdeem wier et der Police no drëms gaangen, am Allgemenge Presenz ze weisen. Am Ganze goufen zéng Persoune kontrolléiert an et goufe siwen Infraktioune constatéiert. D'Beamten hunn een Avertissement taxé a véier Protokoller wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetzer geschriwwen.
Éischten "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch": Kulturell Aktivitéiten an och méi Lëtzebuergesch an der Schoul
Dëse Freideg ass deen éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. An deem Kader goufe vum Kulturministère eng Rei Aktivitéite geplangt. Dorënner ee Pop-Concert vun engem Kanner-Chouer mat Lëtzebuerger Lidder, weidere Concerten a Konferenzen an der Stad, oder och enger Expositioun.
Zwee Blesséierter: Auto op der Kopp tëscht Méischdref a Giwenech
E Freideg kuerz no 16 Auer huet et um CR135 tëscht Méischdref a Giwenech gerabbelt. En Auto war hei op der Kopp gelant. Wéi de CGDIS mellt, goufen zwou Persoune bei deem Accident verwonnt. Nieft dem Stater SAMU waren d'Pompjeeë vu Mompech a Mäertert an den Asaz geruff ginn, grad ewéi Ambulanze vu Mäertert an Iechternach. Bei engem Accident zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss war et géint 13.40 Auer beim Materialschued bliwwen. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm.
Zu New York: Stroumausfall an der Grand Central Station
Ronn eng hallef Stonn laang war et an der weltberüümter Hal däischter. Dausende Leit hu sech hire Wee mat der Luucht vun hirem Smartphone musse sichen. En Donneschdeg Owend géint 20.30 Auer lokaler Zäit waren an de meeschten Deeler vun der bekannter Gare, déi weltwäit déi meeschte Gleiser huet, d'Luuchten ausgaangen. Grond wiere Schwankungen an der Stroumversuergung gewiescht, sou déi zoustänneg Autoritéiten.