Nodeems d'Rout Léiwe schonns am spéiden Nomëtteg am Asaz waren a sech mat 0:3 géint Island hu misse geschloe ginn, stoungen e Méindeg den Owend nach weider Matcher an der Nations-League-Gruppephas um Programm. Fir dat däitlechst Resultat huet dobäi Däitschland mat enger 5:0-Victoire géint Holland gesuergt a sech domadder d'Gruppevictoire geséchert. An der Liga B konnten d'Schwäiz mat 4:0 géint Schottland a Slowenien mat 3:0 géint Nordmazedonien gewannen.
Is this you? As a journalist, you can create a free Muck Rack account to customize your profile, list your contact preferences, and upload a portfolio of your best work.
Claim your profile
Articles by Steven Milbert
Nations League Lëtzebuerg verléiert och géint Island a schléisst d'Nations League op der leschter Plaz of
No der 2:1-Optaktvictoire géint Bulgarien gouf et du fir d'Rout Léiwen an der Nations-League-Gruppephas véier Defaiten hannerteneen. Deemno louchen d'Lëtzebuerger virum leschte Spilldag mat just dräi Punkten um Kont op der leschter Plaz am Grupp 4 vun der Liga C. Allerdéngs konnten d'Männer vum Trainer Jeff Strasser mat enger Victoire géint Island an engem gläichzäitege Punkteverloscht vu Bulgarien géint Estland nach déi lescht Plaz verloossen. Eng einfach Aufgab sollt dat allerdéngs net ginn.
5. Spilldag an der Nations League Holland iwwerrennt Griicheland 7:0, Schwäiz a Slowakei stinn als Gruppenéischte fest
Am Futtball stoung e Freideg den Owend d'Suite vum 5. Spilldag an der Nations League um Programm. Fir dat däitlechst Resultat vum Owend huet Holland mat engem 7:0 géint Griicheland gesuergt, wärend Däitschland sech mat 3:1 a Serbien duerchsetze konnt. Donieft sinn awer och weider Decisioune gefall: D'Schwäiz an d'Slowakei hu sech déi éischte Plaz an hire jeeweilege Gruppe geséchert a steigen domadder eng Liga op.
Nations League Keng Spilliddi, kee Bëss a kee Kampfgeescht, Lëtzebuerg verléiert fir d'véierte Kéier hannerteneen
Nodeems d'Rout Léiwen mat enger 2:1-Optaktvictoire géint Bulgarien gutt an d'Nations-League-Gruppephas gestart waren, sinn déi uschléissend Matcher fir d'Lëtzebuerger dunn awer manner erfollegräich verlaf. Géint Island, Estland an am Réckmatch géint Bulgarien gouf et dräi Defaiten hannerteneen, soudatt ee virum Match géint Estland mat dräi Punkten op der leschter Plaz am Grupp 4 vun der Liga C stoung.
Champions League Atlético klappt United, Brügge iwwerrascht a Bayern verspillen d'Victoire an Norwegen
Um zweeten Spilldag vun der Champions League ass et en Dënschdeg den Owend nees zu engger Rei spektakulärer Matcher komm. Den Atlético Madrid huet sech mat 2:0 géint Manchester United behaapt, wärend Club Brügge beim 4:3 zu Mailand géint Inter fir eng vun den Iwwerraschunge vum Owend gesuergt huet. Bayern München huet dogéint zu Stavanger e 0:2-Réckstand gedréint, an Ënnerzuel awer nach de spéiden 3:3-Ausgläich kasséiert. Donieft konnte sech ënner anerem Barcelona an Arsenal kloer duerchsetzen.
Frëndschaftslännermatch vun den Dammen Montenegro setzt sech zu Rëmeleng däitlech mat 4:0 géint Lëtzebuerg duerch
En Dënschdeg hu sech d'Lëtzebuergerinnen zu Rëmeleng misse mat 0:4 géint de Gaascht aus Montenegro geschloe ginn. © Stream / Screenshot De Montenegro war vun Ufank un déi méi geféierlech Ekipp um Terrain an huet d'Lëtzebuerger Defense ëmmer nees fréi ënner Drock gesat. D'Lëtzebuergerinnen haten an der Ufanksphas ferm ze kämpfen an hu sech schwéier gedoen, fir Entlaaschtung ze suergen. No enger Véierelsstonn huet et du fir déi éischte Kéier gerabbelt.
Nations League Luxembourg lose 0-2 to Bulgaria after poor first half
Luxembourg’s hopes of reviving their Nations League campaign faded on Tuesday as they lost 2-0 to Bulgaria at the Stade de Luxembourg. The Red Lions went into the fourth matchday seeking to bounce back from consecutive defeats against Iceland and Estonia, having previously opened the group stage with a 2-1 win over Bulgaria.
4. Spilldag an der Nations League Spuenien weiderhin ongeschloen, England a Schwäiz iwwerzeegen
D'Englänner konnte sech ouni Problemer géint d'Tschechen duerchsetzen © Adrian Dennis / AFP D'Spuenier konnten dobäi och de véierte Match an dëser Campagne gewannen, wougéint England sech souverän géint Tschechien duerchgesat huet an d'Schwäiz an der Liga B weider ouni Punkteverloscht bleift. Fir d'Lëtzebuerger gouf et dogéint eng 0:2-Defaite géint Bulgarien. Spuenien setzt säi perfekte Laf fort. A Kroatien huet de Weltmeeschter sech mat 2:1 duerchgesat.
Nations League No ganz schwaacher éischter Hallschent, Lëtzebuerg verléiert 0:2 géint Bulgarien
Nodeems d'Rout Léiwen mat enger 2:1-Victoire géint Bulgarien an d'Nations-League-Gruppephas gestart waren, gouf et dono direkt zwou Defaiten hannerteneen. Fir d'éischt hu sech d'Lëtzebuerger mat 0:3 géint Island misse geschloe ginn, ier een dann auswäerts mat 0:1 an Estland de Kierzere gezunn huet.
Futtball U21-EM-Qualifikatioun Lëtzebuerger U21 klappt Estland kloer a schléisst d'EM-Quali mat Victoire of
D'Lëtzebuerger U21-Nationalekipp huet sech en Dënschdeg am leschte Match vun der EM-Qualifikatioun mat 3:0 géint Estland duerchgesat. Den Helmer Tavares huet d'Rout Léiwen an der éischter Hallschent a Féierung bruecht, ier den Eliot Thelen an den Ivan Englaro an der Schlussphas fir déi definitiv Decisioun gesuergt hunn.
3. Spilldag an der Nations League Portugal weider ouni Punkteverloscht, England iwwerrennt Kroatien
Op dësem drëtte Spilldag vun der Nations League gouf et esou munch interessant Resulater. Portugal steet no dräi Matcher nach ëmmer bei der maximaler Punkteausbeut, Däitschland huet sech no engem schwéieren Optaktprogramm mat enger klorer Victoire zeréckgemellt, England huet Kroatien keng Chance gelooss a Wales konnt fir eng kleng Iwwerraschung géint Norwegen suergen. An der Liga B huet virun allem Polen mat engem 6:0 géint Rumänien op sech opmierksam gemaach.
Nations League Ze wéineg Offensivgefor, Lëtzebuerg verléiert 0:1 an Estland
Nodeems d'Lëtzebuerger mat enger knapper 2:1-Victoire géint d'Bulgaren souwéi enger däitlecher 0:3-Defaite géint Island an dës Nations-League-Campagne gestart sinn, wollten d'Rout Léiwen e Samschdegowend géint Estland nees e bessere Match weisen, an am Optimalfall, sech weider dräi Punkte sécheren, fir an enger gudder Ausgangspositioun fir d'Réckmatcher an der Grupp 4 vun der Liga C ze sinn. Dëst sollt allerdéngs net geléngen.
Nations League setback Luxembourg suffer 3-0 defeat at home as attack falters and defence slips
After a promising start to their Nations League campaign with a 2-1 away victory in Bulgaria, Luxembourg had hoped to build momentum and consolidate their lead at the top of Group 4 in League C with another strong performance against Iceland. However, coach Jeff Strasser’s men were unable to repeat their earlier success, falling to a clear and deserved 3-0 defeat at home. With this result, Luxembourg sit second in the group after two matches, with three points, trailing group leaders Iceland.
2. Spilldag an der Nations League Griicheland schockt Däitschland, Italien iwwerzeegt géint d'Tierkei
Den zweete Spilldag huet direkt fir e puer Iwwerraschunge gesuergt. Griicheland huet dobäi mat der 1:0-Victoire an Däitschland fir déi gréisste gesuergt, wärend Italien mat engem kloren 4:1 an der Tierkei op d'Defaite vum éischte Spilldag reagéiert huet.
Nations League am Futtball Lëtzebuerg bei 0:3-Defaite am Stuerm ze ongeféierlech, an der Defense ze feelerufälleg
Nodeems déi Lëtzebuerger sech um éischte Spilldag vun der Nations League mat 2:1 a Bulgarien duerchsetzen an domadder déi éischt dräi Punkten an dëser Campagne séchere konnten, wollten d'Rout Léiwen en Dënschdeg den Owend direkt noleeën, déi nächst Punkte sammelen an esou déi éischte Plaz am Grupp weider festegen. Dëst sollt de Männer vum Jeff Strasser allerdéngs net geléngen. Kloer a verdéngt musse sech d'Rout Léiwen um zweete Spilldag mat 0:3 géint Island geschloe ginn.
Champions League Barcelona a PSG mat klore Victoirë fir den Optakt, Liverpool an Arsenal wanne knapp
Nodeems um Dënschdeg schonn déi éischte sechs Matcher gespillt goufen, ass den éischte Spilldag an der Champions League e Mëttwoch mat sechs weidere Partië weidergefouert ginn. D'Resuméë vun de sechs Matcher vum Mëttwochowend, dorënner déi kloer Victoirë vu Barcelona a PSG souwéi déi knapp Succèse vu Liverpool an Arsenal, fannt Dir hei am Iwwerbléck.
WM am Dammebasket D'Affichë fir d'Véierelsfinalle sti fest
Wärend déi Gruppenéischt sech schonns direkt no der Gruppephas fir d'Véierelsfinalle qualifizéiert haten, hunn d'Ekippen op de Plazen zwee an dräi nach emol misse géinteneen untrieden, fir sech ee vun de leschten Tickete fir d'Ronn vun de leschten Aacht ze sécheren. Ungarn huet sech dobäi kloer mat 84:63 géint Japan duerchgesat a steet domadder an der Véierelsfinall.
Standout performance Vera Hoffmann sets new Luxembourg record in Düsseldorf mile race
Luxembourg middle-distance runner Vera Hoffmann delivered a standout performance on Sunday at the elite New Balance Kö Mile race in Düsseldorf. Competing against a strong international field, Hoffmann completed the street mile, which equates to 1,609m, in 4 minutes, 34.67 seconds. This result marks a new national record for Luxembourg in the event. Hoffmann finished ninth overall in a highly competitive line-up.
Athlétisme Nouveau record national pour Vera Hoffmann
Vera Hoffmann a une nouvelle fois démontré son talent dimanche à la New Balance Kö Meile à Düsseldorf. Lors de la course élite disputée sur la distance du mile sur route, la Luxembourgeoise a réalisé un temps de 4 minutes, 34 secondes et 67 centièmes, établissant ainsi un nouveau record national.
Champions League Real Madrid, Manchester City an Dortmund starten erfollegräich an d'Kinneksklass
Um Dënschdeg ass déi nei Champions-League-Saison mat den éischte sechs Matcher lancéiert ginn, bei deenen ënner anerem Real Madrid, Borussia Dortmund, Manchester City an Aston Villa direkt mat enger Victoire an d'Kinneksklass gestart sinn. Real Madrid - Inter Mailand 2:1 1:0 Mbappé (14'), 2:0 Valverde (23'), 2:1 Carlos Augusto (77') Am Bernabéu huet Inter Mailand de bessere Start an de Match erwëscht souwéi an deenen éischte Minutte mat vill Ballbesëtz a gudde Ballkombinatiounen iwwerzeegt.
New Balance Kö Meile Vera Hoffmann leeft neie Lëtzebuerger Rekord
D'Vera Hoffmann huet e Sonndeg bei der New Balance Kö Meile zu Düsseldorf op en Neits hiert Kënnen ënner Beweis gestallt. An der Elite-Course iwwer d'Stroosse-Meil ass d'Lëtzebuergerin eng Zäit vu 4 Minutten, 34 Sekonnen a 67 Honnertstel gelaf an huet domadder en neien nationale Rekord opgestallt. An engem staark besaten internationale Feld ass d'Hoffmann op déi 9. Plaz gelaf.
UEFA-Supercup-Finall Madjo-Gol geet net duer, PSG wënnt den UEFA-Supercup
PSG huet sech zu Salzburg mat 2:1 géint Aston Villa duerchgesat an domadder den UEFA-Supercup fir déi zweete Kéier an der Veräinsgeschicht gewonnen. Aus Lëtzebuerger Siicht stoung virun allem de Brian Madjo am Mëttelpunkt: De 17 Joer jonke Stiermer huet kuerz virun der Paus den tëschenzäitlechen 1:1 fir d'Villans markéiert. Um Enn sollt säi Gol awer net duergoen, dëst well den Doué de PSG no der Paus nees a Féierung geschoss huet.
Conference-League-Qualifikatioun Biissen erkämpft sech 1:1-Remis géint Györ, ass awer eliminéiert
Souwuel déi Biisser ewéi och déi Stroossener haten en Donneschdegowend an der Conference-League-Qualifikatioun eng Herkulesaufgab virun der Broscht. Dëst well se allebéid eng héich Hypothéik aus dem Allersmatch matzeschleefen haten. Esou haten déi Biisser den Allersmatch géint den ungaresche Champion Györ FC doheem am Stade de Luxembourg mat 2:6 verluer an och déi Stroossener si mat enger fatzeger Defaite an den zweeten Tour vun der Quali gestart.
Conference-League-Qualifikatioun UNA Stroossen no klorer 0:4-Defaite zu Belgrad virum europäeschen Aus
Nodeems en Dënschdegowend schonns déi Biisser géint den ungaresche Champion Györi am Asaz waren an dës sech do hu kloer misse geschloe ginn, wollten et déi Stroossener en Donneschdeg géint Partizan Belgrad besser maachen. Esou wollten déi Stroossener dem serbesche Favorit am Allersmatch e Been stellen, fir datt een eventuell am Réckmatch d'Iwwerraschung perfekt hätt maache kënnen. Dëst sollt der UNA vu Stroossen allerdéngs net geléngen.
Conference-League-Qualifikatioun Individuell Feeler bei Biisser 2:6-Defaite géint ungaresche Champion Györ deier bestrooft
Nodeems déi Biisser sech am éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun mat zwou 1:2-Defaitë géint de Ferringer Vertrieder aus Klaksvík hu misse geschloe ginn an domadder den Dram vun der Champions League beim Atert-Veräin relativ séier ausgedreemt war, ass et en Dënschdegowend fir Biissen schonns direkt am zweeten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun weidergaangen.
Futtball-WM VAR-Drama a Bellingham-Show: England waart op d'Schwäiz oder Argentinien
Am éischte Match vum Weekend huet sech England an engem enke Match mat 2:1 no Verlängerung géint Norwegen duerchgesat. De Bellingham war dobäi de Mann vum Owend a konnt d'Partie an der Verlängerung mat sengem zweete Gol entscheeden. England steet deemno an der Halleffinall vun der WM an trëfft do op de Vainqueur vum Match tëscht Argentinien an der Schwäiz.
Conference-League-Qualifikatioun De Perez séchert der UNA vu Stroossen eng spéit Victoire géint Fiorita
Zu Gaascht bei der UNA vu Stroossen, déi en Dënschdeg hire Match um Terrain vum Stater Racing gespillt huet, war d'SP La Fiorita, eng Ekipp vu San Marino, déi an de leschte Joren ëmmer nees op europäeschem Niveau vertrueden war, et awer ni an eng Endronn vun enger europäescher Kompetitioun gepackt hat. Um Pabeier war Stroossen liicht favoriséiert, wat sech och um Terrain gewisen huet, e Gol sollt awer laang Zäit net falen.
Futtball-WM Vun 0:2 op 3:2, Argentinien setzt sech knapps géint Ägypten duerch
Am éischte Match vum Owend huet sech Argentinien no enger spektakulärer Schlussphas mat 3:2 géint Ägypten duerchgesat a steet domadder an der Véierelsfinall. D'Albiceleste louch laang hannen, mä huet de Match an de leschten zéng Minutten nach komplett gedréint. Dobäi hat laang villes no enger grousser Iwwerraschung ausgesinn, well Ägypten couragéiert opgetrueden ass an Argentinien ëmmer nees viru Problemer gestallt huet.
Futtball-WM Effizient Marokkaner bestrofe bei 3:0-Victoire offensiv Kanadier
Nodeems d'Kanadier sech an de Siechzéngtelsfinalle knapps mat 1:0 géint Südafrika behaapten a sech esou fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiere konnten, wollte si géint de Marokko, wat sech an der éischter Ronn knapps am Eelefmeterschéisse géint Holland behaapte konnt, en änlecht gutt Resultat aféieren. Um Enn sollt der Lokalekipp dëst awer net geléngen. No 90 intensiven a serréierte Minutten muss sech Kanada am Endeffekt mat 0:3 géint de Marokko geschloe ginn.
World Cup preview: Group C Brazil no longer clear World Cup favourites
Whenever Brazil is mentioned in connection with the World Cup, one immediately thinks of spectacle, world-class players, and, of course, multiple championships. The Seleção has won the World Cup five times, making Brazil the record champion. In 2026, the team is expected to be the favorite in its group once again. In Group C, they will face Morocco, Scotland, and Haiti.
Virschau op d'Futtball-WM: Grupp C Dominik Stolz: "Brasilien gehéiert fir mech aktuell net zu de ganz groussen Titel-Favoritten"
Wann den Numm Brasilien op enger Futtballweltmeeschterschaft fält, denkt ee séier u Spektakel, Weltklassespiller an natierlech u vill Titelen. Fënnef Mol konnt d'Seleção d'WM scho gewannen, woumat Brasilien de Rekordweltmeeschter ass. Och 2026 geet d'Ekipp nees als Favorit an hire Grupp. Am Grupp C waarden op d'Brasilianer Marokko, Schottland an Haiti.
Futtball: Frëndschaftslännermatch Lëtzebuerg muss sech no couragéiertem Optrëtt géint Italie geschloe ginn
Am Virfeld vun der Weltmeeschterschaft an den USA, Kanada a Mexiko testen all d'Natiounen uechter d'Welt den Ament a Frëndschaftslännermatcher, ob si prett si fir d'WM oder ob op e puer Plazen nach Schrauwe gedréint musse ginn. Op der WM ass Italien no der Defaite am Eelefmeterschéisse géint Bosnien allerdéngs net dobäi an aus dësem Grond ass d'Squadra Azzurra e Mëttwoch zu Lëtzebuerg mat 19 Spiller ugetrueden, déi nach ni fir d'Italieener en A-Lännermatch gespillt hunn.
Penalty shootout drama Walferdange triumph after 14 penalties to send Canach back down
The decisive promotion play-off match between Canach, who slipped into the relegation place after a draw against Mamer on the final day, and Walferdange, who secured their spot with a last-day victory over Bettembourg, took place on Monday evening in Beggen. Both teams were fighting for a spot in Luxembourg's football top flight, with Canach hoping to survive after just one season in the BGL Ligue, and Walferdange aiming to achieve a remarkable promotion.
Barrage am Futtball No 14 Eelefmeteren: Walfer huet de längeren Otem a schéckt Kanech an d'Éierepromotioun
Nodeems e Sonndegowend Mamer no Eelefmeterschéisse géint Wolz de Kierzere gezunn hat an domadder de Favorit aus der BGL Ligue an d'Éierepromotioun ofgestigen ass, war et e Méindeg um zweeten Duell tëscht engem Veräin aus der BGL Ligue an engem aus der Éierepromotioun.
Barrages Wiltz promu, Mamer relégué après les tirs au but
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question. Wiltz retrouvera l’élite la saison prochaine. Les Nordistes ont pris le meilleur sur Mamer dimanche soir à Ettelbruck, à l’issue d’un barrage disputé mais peu spectaculaire.
Barrage am Futtball Wolz ass no Victoire am Eelefmeterschéissen nees an der BGL Ligue, Mamer steigt of
An dësem Duell kruten déi 2371 Spectateuren, déi de Wee op Ettelbréck fonnt haten zimmlech more Kascht ze gesinn. Keng Formatioun huet esou richteg Gefor virum géigneresche Gol ausgestraalt, soudatt no 90 Minutten en 0:0 um Bou vum Match stoung. Nodeems och an der Verlängerung keeng Ekipp den decisive Gol markéiere konnt, sollt d'Entscheedung am Eelefmeterschéisse falen. An dësem ka sech Wolz da mat 5:4 géint Mamer behaapten.
Luxembourg Cup FC Differdange 03 crowned cup winners for seventh time
After missing out on the BGL Ligue title against Mamer on the final day of the season, Differdange were determined to make amends by at least lifting the Luxembourg Cup. The underdogs from the east, however, had no intention of making life easy for the favourites from the Minett region and were highly motivated to cause an upset. In the end, Rosport were unable to pull off that feat.
Coupe de Luxembourg Den FC Déifferdeng 03 kréint sech fir déi siwente Kéier zum Coupegewënner
Nodeems déi Déifferdenger um leschte Spilldag vun der BGL Ligue nach de Championstitel géint Biissen verspillt haten, wollten déi Minetter et e Freidegowend besser maachen an op mannst d'Coupe de Luxembourg gewannen. Den Underdog aus dem Oste wollt dëst Spillchen awer net matspillen a war héich motivéiert, fir dem Favorit aus dem Minett e Been ze stellen. Mä dëst Konschtstéck sollt de Rousperter um Enn net geléngen.
Champions League Saka schéisst d'Gunners an d'Finall, Arsenal wënnt 1:0
Nodeems béid Formatioune sech am Allersmatch virun enger Woch mat engem 1:1-Gläichspill getrennt hunn, war fir béid Ekippen am Retourmatch nach alles dran. An enger éischter Hallschent, an där Chancë rar geseent waren, sollt et de Gunners vun Arsenal kuerz virum Pausentéi geléngen, fir mat 1:0 an Avance ze goen. An der zweeter Hallschent huet Arsenal de Match dunn iwwert wäit Strecke kontrolléiert, soudatt kee weidere Gol méi fale sollte.
Champions League Gol-Festival zu Paräis, PSG geet no 5:4-Victoire mat klengem Polster an de Réckmatch
An d'Spectateuren, déi dëser Invitatioun nokomm sinn, goufen en Dënschdegowend wuel verwinnt. An engem Match, an deem béid Ekippe mat oppenem Viséier gespillt hunn, kruten d'Spectateure ganzer 9 Goler ze gesinn. Béid Formatiounen hu sech näischt geschenkt an hu mat voller Vitess a Richtung Gol gespillt. Um Enn sollten déi Paräisser awer de längeren Otem hunn a sech knapps mat 5:4 géint d'Münchener behaapten.
O Gran Camiño Mats Wenzel schléisst déi zweet Etapp op der zweeter Plaz of
Iwwer knapps 148 Kilometer ass et e Mëttwoch an der zweeter Etapp vun der Course “O Gran Camiño” vu Vilalba op Barreiros gaangen. Als éischten iwwert d’Zillinn sollt dobäi de Spuenier Carlos Canal fueren, dee sech am Sprint géint seng Kontrahenten duerchsetze konnt. Dëst mat engem Chrono vun 3 Stonnen, 13 Minutten a 25 Sekonnen. Nom Spuenier sollt de Lëtzebuerger Mats Wenzel iwwert de wäisse Stréch fueren. Dëst mat der gläicher Zäit, ewéi de Gewënner vum Dag.
Champions League Bayern dréint no dräimolegem Réckstand de Match a steet an der Halleffinall
D’Spectateuren zu München sinn e Mëttwochowend voll op hir Käschte komm. An engem vëlleg geckege Match kënnen d’Münchener dräi Mol e Réckstand ophuelen an dësen um Enn souguer nach fir sech entscheeden. No 90 spektakuläre Minutten ka sech Bayern München deemno 4:3 géint Real Madrid behaapten an domadder an d’Halleffinallen anzéien. Do steet schonn deen nächsten héichkarätege Géigner virun der Dier. Et geet nämlech géint de PSG.
Conference League Mainz a Crystal Palace loossen hire Géigner keng Chance
Mä och d’Spuenier sinn nach mat engem Veräin an der Conference League vertrueden. Rayo Vallecano, wat sech an den Aachtelsfinalle géint Samsunspor duerchgesat huet, konnt sech bei der 3:0-Victoire géint AEK Athen an eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch an enger Woch spillen, soudatt d’Spuenier scho bal mat engem Been an den Halleffinalle stinn. Och d’Londoner vu Crystal Palace konnten an hirem Match géint den italieenesche Vertrieder vu Florenz iwwerzeegen.
Europa League Freiburg klappt Celta Vigo däitlech, Aston Villa setzt sech auswäerts duerch
Gläich zwee Matcher goufen op dësem Donneschdegowend a Portugal gespillt. Allerdéngs gouf et an der Partie tëscht Braga a Betis Sevilla kee Gewënner. An engem ausgeglachene Match komme béid Ekippen net iwwert en 1:1-Gläichspill eraus, soudatt fir de Réckmatch nach alles oppen ass. Och Porto war fir den Allersmatch doheem gefrot. Mä och am Match tëscht der Lokalekipp an de Gäscht aus Nottingham sollt no 90 Minutte keng vu béide Formatiounen als Gewënner vum Terrain goen.
WM-Qualifikatioun Schweden, Tierken an Tscheche fueren op d'WM, Italien nees net dobäi
Um Enn kënne sech nieft de Bosnier, déi sech no der 4:1-Victoire am Eelefmeterschéisse géint Italien fir d’zweete Kéier iwwerhaapt fir eng Weltmeeschterschaft qualifizéiert hunn, nach d’Schweden, d’Tschechen an d’Tierken iwwert hiren Ticket fir d’Weltmeeschterschaft freeën. D’Italieener packen et deemno op en Neits net, sech fir eng WM ze qualifizéieren. Déi leschte Kéier, wou sech Italien fir eng WM qualifizéiere konnt, war iwwerdeems am Joer 2014.
UEFA Nations League play-off Red Lions win second leg against Malta and stay in League C
After securing a 2–0 away win in Malta last Thursday, Luxembourg aimed to confirm that strong position – and did so convincingly with a 3–0 victory. Compared to the first leg, the team showed clear improvement and more attacking intent. Despite a few shaky moments in defence, the Red Lions secured a 5–0 aggregate win, ensuring they remain in League C, where they will face Iceland, Bulgaria and Estonia next season. Malta, meanwhile, stay in Group D.
Play-Off an der Nations League Rout Léiwe gewannen och de Retourmatch géint Malta a bleiwen am Grupp C
Nodeems sech Lëtzebuerg en Donneschdeg mat der 2:0-Victoire op Malta an eng gutt Ausgangspositioun gespillt huet, ass et en Dënschdegowend dorëms gaangen, fir dëst ze gutt Resultat ze bestätegen, fir och weiderhi kënnen am Grupp C vun der Nations League kënnen ze spillen. Um Enn kënne sech d’Lëtzebuerger souverän mat 3:0 géint Malta behaapten. Dëst an engem Match, an deem d’Lëtzebuerger sech am Verglach zum Allersmatch däitlech gesteigert a mat méi Zoch no vir gespillt hunn.
Nëmme fir kuerz Zäit Pop-Up-Store vun Nintendo zu Bochum
Fans vu Super Mario a Co. hunn zu Bochum Rendez-vous © Nintendo Zënter dem 19. Mäerz 2026 huet zu Bochum am Westfield Ruhr Park e Pop-Up-Store vun Nintendo opgemaach. An dësem hunn d'Fans vum roude Blechschléier d'Méiglechkeet, fir exklusiv Merchandise-Produiten ze kafen, déi et bis ewell nach net an Europa gouf. Dobäi ass et awer net déi éischte Kéier, datt esou e Shop seng Dieren an Europa opmécht. Mä all ze dacks war dëst awer och nach net de Fall.
WM-Qualifikatioun Italien a Bosnien an der Finall, Schweden an Dänemark ouni Problemer weider
An engem serréierte Match hu sech d’Italieener schwéier gedoen géint eng nordiresch Ekipp, déi stabil an der Defense stoung an et gepackt huet, d’Italieener esou gutt wéi et nëmme geet, vum eegene Gol ewechzehalen. Virun allem an der éischter Hallschent ass dëst den Nordire gutt gelongen. Esou gouf et just zwou Golchancen an der éischter Hallschent ze vermellen. An der zweeter Hallschent waren d’Italieener dunn e bësse méi aktiv an hu sech e puer Chancen erausgespillt. An der 56.
Futtball-U21-EM-Qualifikatioun Lëtzebuerg zitt mat 1:5 géint Frankräich de Kierzeren
No 90 Minutte kënne sech d’Fransousen als souveräne Gewënner géint eng Lëtzebuerger Ekipp behaapten, déi sech kämpferesch gewisen huet a probéiert huet, fir dem Géigner gutt Paroli ze bidden. Um Enn sollt dëst awer näischt un der franséischer Victoire änneren. D’Gäscht aus Frankräich setze sech deemno mat 5:1 géint d’Rout Léiwen duerch. No sechs Matcher stinn d’Lëtzebuerger mat véier Punkten op der fënnefter Plaz am Grupp C. D’Fransouse stinn dogéint op der éischter Plaz mat 13 Punkten.
Show More
loading
Actions
Is this you?
As a journalist, you can create a free Muck Rack account to customize your profile, list your contact preferences, and upload a portfolio of your best work.Get in touch with Steven
Contact Steven, search articles and posts on X, monitor coverage, and track replies from one place.
Learn more about Muck Rack